
Wëllkomm bei Stäreschäizchen
Perinatal Trauerbegleedung
Léif Mamma
​Du bass warscheinlech aus engem ganz bestëmmte Grond ob meng Säit kucke komm.Virun enger Zäitchen hues du eng Nouvelle kritt déi deng ganz Welt, déi dach grad voller Hoffnung an neiem Liewe war, déifgrënneg erschüttert huet. Eng Nouvelle, déi dir de Buedem ënnert de Féiss ewechgezunn huet.
​
D'Noriicht dass däi Puppelche wuel net wäert kenne lieweg op d'Welt kommen oder net wäert dierfe béi dir grouss ginn ass dat Schwéierst wat Eltere mussen héieren.
​
A wat elo? Wéi geet et weider? Wéi iwwersti mir dat hei?
Bei all deene Froe kann ech dir zur Säit stoe, wann s du dat wëlls, an dech an deng Famill versichen esou gutt ewéi méiglech duerch dës schwéier Zäit ze begleeden. Egal wéi eng Entscheedung s du fir dech , däi Puppelchen an déng Famill hëls, ech sinn do fir dir an iech zur Säit ze stoen, fir dech ze ënnerstëtzen, dech opzefänken an dech ze halen!
'Et ass ëmmer de Verloscht vun enger grousser Léift!'
- Corinna Hansen-Krewer

